De Caritas Fairness Center zu Dikrech huet de Label „Gesond iessen, méi bewegen“ kritt

Vendredi 09 octobre 2015

De Caritas Fairness Center zu Dikrech huet de Label „Gesond iessen, méi bewegen“ kritt

Zënter schonn engem Joer, besteet am Caritas-Fairness Center Dikrech de Projet „Manger sain à petit budget“.

Et ass dem Fairness Center schonn ëmmer wichteg gewiescht, dass d‘Clienten d’Iesswueren déi an der Epicerie sociale presentéiert ginn, gutt kennen. Duerch Kach-Ateliere di vu Benevolen ugebuede ginn, léieren si mat deenen Iesswuere gesond Menue kachen, déi dobäi och nach gutt schmaachen.

Fir dat de Fairness Center d’Critère vum Ministère de la Santé erfëlle konnt, vir de Label «Gesond iessen, méi bewegen" ze kréien, ginn elo och all Woch Zumba-Atelieren niewent de Kach-Ateliere organiséiert.

Revenir à la liste des actualités