Europäesche "Young Caritas" Dag

Jeudi 24 septembre 2015

Europäesche "Young Caritas" Dag

Fir den europäesche " Young Caritas" Dag gëtt haut eng online-Fotosaktioun organiséiert. D’Symbol si Puzzlestëcker, déi zouënaner passen. De Message ass: mir passen all zesummen, Flüchtlingen an Eenheemescher. Zesummeliewen klappt, et muss ee sech just beméien. Mir sinn all Deel vun engem grousse faarwege Puzzle. D’Ziil ass, dass souvill Leit wéi méiglech hir Solidaritéit kënne weisen.

D’Aktioun leeft mat Fotoën iwwert Facebook, Instagram, Twitter oder anere soziale Medien. All Fotoë si verbonnen duerch den Hashtag #partofthepuzzle.
 
Wéi funktionnéiert et?
Et schneit een 1-2 grouss Puzzlestëcker aus (z.B. aus engem DINA4-Blaat), hält se beiënaner, mëcht eng Foto a post se mam Hashtag #partofthepuzzle a vläicht mat engem perséinleche Kommentar, wéi z.B. „Refugees welcome“ oder „Ech si solidaresch mat de Flüchtlingen“.
Op Facebook fannt der den Event hei: www.facebook.com/events/1487902038171838/

Revenir à la liste des actualités