Aller au contenu principal

Seminar: DoubleClick – Fir eng nohalteg Digitalisatioun

Le 6 novembre à 07h30 jusqu'à 13h30

eReUse by caritas.lu an EBL invitéieren iech op dem Seminar DoubleClick wou dat wichtegt an aktuellt Thema “nohalteg Digitalisatioun” aus ekologescher a sozialer Siicht beschwat gëtt.

Wou: Drescherhaus, Dommeldange
Adress: 26A, rue du Château

Den Accent gëtt op praktesch Handlungsoptiounen gesat:
“Wéi kann ech als Gemeng duerch meng Approche zu den digitalen Medien de Klimaschutz bedreiwen?”
“Wéi een Affloss huet eis Notzung vun den digitalen Medien op eisen Energieverbrauch an op eisem sozialen Foussofdrock?” 

Den Echange gëtt gefuerdert a realistesch Léisungen ginn erausgehuewen, haaptsächlech um Gemenge-Niveau.

Unmelldung bis den 3. November hei un.

Offiziell Invitatioun

Pour être toujours au courant de nos actualités, abonnez-vous à Caritas eNews

Caritas Luxembourg utilisera les informations fournies sur ce formulaire seulement pour vous transmettre Caritas eNews.